Connect with us

Questions parlementaires

Eisebunnsmusée zu Péiteng

Zu Péiteng soll een Eisebunnsmusée opgemaach ginn, an deem, nieft historeschem Fuermaterial, och verschidden historesch wäertvoll Deeler vun der Ettelbrécker Gare sollen agebaut ginn. D’Gemeng Péiteng huet sech dofir ee Virkafsrecht bis 2025 op een Terrain no vun der Gare geséchert, fir dass de Staat de Musée hei baue kann, wéi d’Plattform virgule.lu dat och 2022 beriicht hat. De Ball läit also elo beim Kulturminister.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert de Kulturminister um Bau vum Eisebunnsmusée zu Péiteng festhalen?

  2. Bis wéini wäert ee konkrete Projet fir de Site zu Péiteng virleien?

  3. Wéi soll d’Käschtenopdeelung tëschent der Gemeng an dem Staat ausgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 123

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert