Connect with us

Questions parlementaires

Fluchverbindung Lëtzebuerg – China

D’WORT bericht an engem Artikel vun haut, dass d’Airline China Southern ab dem 21ten Dezember eng nei Fluchverbindung Guangzhou – Zhengzhou – Luxembourg géif opmaachen. Dat wier deen éischten Direktvol tëschent Lëtzebuerg a China.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War iergendeng Verwaltung direkt oder indirekt bedeelegt, fir déi Fluchverbindung op Lëtzebuerg ze kréien oder handelt et sech ëm eng reng privat Initiativ?  Falls dat net de Fall war, kann d’Regierung bestätegen, dass am Virfeld vun der Decisioun vu China Southern keng Gespréicher tëschent dem Staat an Interessegruppe gefouert goufen?

  2. War d’Regierung schonn am Virfeld vun dëser Ukënnegung iwwert déi nei Fluchverbindung informéiert? Falls jo, zënter wéini?

  3. Wéi oft wäerte Fligere vum Findel op Guangzhou an op Zhengzhou fléien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 22

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert