Connect with us

Déiereschutz

Hamster gëtt an engem Baumaart dout gemaach

Eng staatlech unerkannten Déierenassociatioun huet op de soziale Medien eng Foto vun engem klengen Hamster verëffentlecht, dem et siichtbar net gutt goung. Am Post gëtt erkläert, dass den Hamster net bei de Veterinär bruecht gouf, mee einfach am Geschäft – engem Baumarkt – op eegen Initiativ „euthanaséiert“ gouf.

D’Déiereschutzgesetz vun 2018 schreift kloer vir, dass d’Déieren net dierfen doud gemaach ginn ouni am Viraus betäubt ze sinn. Wien een Déier ouni Betäubung dout mécht, kann mat enger Prisongsstrof vun bis zu 3 Joer oder enger Geldstrof vun bis zu 200.000€ bestrooft ginn. D’groussherzoglech Reglement vum 5ten Dezember 2018 gesäit vir, dass engem Déier, deem et net gutt geet, gehollëf muss ginn.


D’Geschäft, wou anscheinend „Fachkräfte“ schaffen, déi sech mam Déierewuel missten auskennen, hätte kéinten op ee Veterinär zeréckgräifen. Dat gouf awer net gemaach. Warscheinlech, well dat Méikäschten mat ech bruecht hätt, déi een an enger Profitlogik, wou een Déier ee Produit ass, Sue verluer hätt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf d’Personal an engem Baumarkt een Déier dout maachen?
    Falls jo, wéi gëtt kontrolléiert, dass d’Schutzmoossnamen vum Déiereschutzgesetz agehale ginn?

  2. Wéi eng Bedingungen muss ee Baumarkt erfëllen, fir Déieren dierfen ze verkafen?
    Wéi eng Qualifikatiounen oder Agrémenten muss d’Verkafspersonal hunn, fir lieweg Déieren dierfen ze verkafen?

  3. Wéi vill Déieren sinn 2022, 2023 an 2024 an esou Geschäfter gestuerwen? (Aanechters gefrot: wéi vill Déieren goufen comptabelstechnesch als „Perte“ deklaréiert?)

  4. Wäert dës Regierung sech dofir asetzen, dass de Verkaf vu liewegen Déieren a Baumäärt, wou donieft nach Faarwen, Schrauwen an Dünger verkaf ginn, ophällt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1976

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert