Connect with us

Justiz

Jurisprudenz op legilux.lu

De Prinzip „Nul n’est censé ignorer la loi“ gëllt fir jiddereen an ass een Haaptpilier, deen eise Rechtsstaat garantéiert. Natierlech ka kee Mënsch all d’Gesetzer, Reglementer, Circulairen oder Geriichtsurteeler kennen.  Et ass essenziell, dass all Bierger:in een Zougang zu dësen Informatiounen huet. Am digitalen Zäitalter, an deem mer sinn, muss dat iwwert den Internet méiglech sinn. Dat gouf mam Gesetz vum 23ten Dezember 2016 concernant le Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg zum Prinzip gemaach an haut ka jidderee Gesetzer a Reglementer op legilux.lu nokucke goen.  D’Geriichtsurteeler vun der Justiz sinn awer hei net alleguerten opgefouert. Fir all déi ganz Jurisprudenz ze fannen, muss een op de Site justice.public.lu nokucke goen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat sinn d’Geriichtsurteeler net alleguerten och op legilux.lu siichtbar? 

  2. Wäert déi gesamt Jurisprudenz iergendwann och op legilux.lu ze fanne sinn?

  3. Wéi eng aner Publikatiounen, wéi zum Beispill Circulairen, sinn aktuell net op Legilux ze fannen?

  4. An de Geriichtsurteeler gi perséinlech Daten onkenntlech gemaach iwwert eng Pseudonymiséierung. Dëst gëtt zënter 2023 net méi beim Parquet gemaach, mee bei de kompetente Geriichter.  • Opgelëscht pro Geriicht, wéi vill Leit këmmeren sech ëm d’Pseudonymiséierung vun de Geriichtsurteeler? • Wéi vill Leit ware virdrun (2023) beim Parquet beschäftegt, fir dës Aufgab ze realiséieren? • Huet dës Ëmstellung Problemer oder Verspéidunge bei der Verëffentlechung vu Geriichtsurteeler mat sech bruecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1982

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert