Parlamentaresch Froen
Feehlt et u Polizist:innen an de Kommissariater?

Den Inneminister hat d’lescht Joer Polizist:innen aus anere Regiounen am Land temporär ofgezunn, fir d’Equippen an der Stad z’ënnerstëtzen. An der Press war lescht Joer och ze liesen, dass mol net d’Gemenge wëssen, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater an hirer Géigend ofgezu goufen. An de leschte Jore goufen et vill Diskussiounen doriwwer, dass d’Police méi Personal brauch, fir sengen Aufgabe kënnen nozekommen a verschidde Kommissariater ënnerbesat sinn. Dës trotz der Rekrutementswell vun 200 Poliziste pro Joer, déi vum viregte Policeminister an d’Liewen ugefaange gouf. Am leschte Rapport vun 2023 gëtt d’Zuel vun 3111 Polizist:innen genannt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Polizist:innen waren den 1te Januar 2025 bei der Police agestallt, opgedeelt nom ziville Beräich an no Polizisten „um Terrain“?
Wéi vill vun de 34 Kommissariater si physesch 7 Deeg op 7 ronderëm d’Auer fir de Bierger op?
Kann de Minister bestätegen oder widderleeën, dass verschidde Kommissariater nach ëmmer personell ënnerbesat sinn (ouni strategesch oder taktesch Informatiounen ze verroden)?
Ass séchergestallt, dass an all Regioun, wou ee Kommissariat ass, ëmmer op mannst véier Polizist:innen zu all Auerzäit disponibel sinn?
QP Nummer 1974