Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Korruptioun a Machenschaften an de Gemengen

An der Press gouf iwwert ee gréissere Korruptiounsskandal beriicht, bei deem ee Gemengebeamten iwwert déi lescht Joerzéngten soll massiv Sue vu Gemenge krut hunn iwwert Consulting-Aktivitéiten.

Een ausféierlechen Artikel op reporter.lu vum 26te Mee bréngt d’Machenschaften op de Punkt:

„Un fonctionnaire luxembourgeois a été rattrapé par la justice pour ses activités clandestines de conseil au service de 35 communes. […]

Les rémunérations de ses conseils au service des communes luxembourgeoises étaient occultes et ses clients ont dû faire preuve d’imagination pour payer ses services «au noir». «Une rémunération officielle et transparente par les communes ‘clientes’ était exclue. Pour néanmoins être en mesure de toucher une rémunération pour les services prestés, Henri R. amena les communes ‘clientes’ à accepter de le rémunérer de façon clandestine et indirecte», souligne le parquet de Luxembourg dans l’accord négocié avec le prévenu que Reporter.lu a consulté. […]
La plupart de ses rémunérations ont été payées sous la forme de jetons de présence, de frais de route et de bons d’achat, seule manière pour les communes de contourner les règles de contrôle financier et, notamment les justificatifs de facture d’un prestataire dépourvu d’autorisation de commerce.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ënnerhëlt den Inneminister, fir dass esou Machenschaften op Gemengenniveau sech net wäerte widderhuelen?

  2. Wéi eng Budgetsposten hunn déi verschidde Gemenge genotzt, fir déi illegal Aktivitéiten an dësem Fall ze bezuelen?

  3. Ënnert wéi enge Budgetsposte goufen déi am Artikel genannten Akafsbonge gebucht?

  4. Sinn dem Inneministère Indizien vun anere ähnleche Fäll bekannt a wéi geet den Inneministère vir, fir esou Fäll z’ënnersichen an ze verhënneren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2416

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert