Connect with us

Familljepolitik

Fäll vun Homophobie zu Lëtzebuerg

Verschidden Zeitungen hunn iwwert ee Fall vun Homophobie beriicht, deen sech dëst Joer um Pride Festival zougedroen huet. Hei gouf ee Kënschtler, deen op der Pride deelgeholl huet, nom Festival vun zwou Persounen diskriminéiert an aggresséiert. D’Police bestätegt, dass eng Plainte géint d’Aggresseure gemaach gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vun Homophobie goufen et an de vergaangene 5 Joren, opgelëscht pro Joer?

  2. Wéi vill Fäll vun Diskriminéierung goufen et an de vergaangene 5 Joren, opgelëscht pro Joer?

  3. Ginn et zu Esch méi där Fäll wei am Rescht vum Land?

  4. Ass d’Situatioun insgesamt fir d’LGTBIQ-Communautéit méi schlëmm ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2641

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert