Connect with us

Questions parlementaires

Mëssstänn beim Service Kameraiwwerwaachung bei den CFL

An engem Tageblatt-Artikel vum 4te Mäerz gouf iwwert Mëssstänn beim Service vun den CFL beriicht, dee fir d’Videoiwwerwaachung an den Zich souwéi de Garen zoustänneg ass. Wéi d’Direktioun vun den CFL an enger Pressekonferenz erkläert huet, ass de Service do, fir mat der Police zesummenzeschaffen. De Service soll selwer Infraktiounen mellen oder der Police an dem Parquet op Demande Biller zur Verfügung stellen. „Die Kameras seien hauptsächlich da, um den Passagieren ein Sicherheitsgefühl zu vermitteln und das Material der Polizei zur Verfügung zu stellen.“ (Tageblatt 5/3/2024)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet Police an de vergaangene 5 Jore Kamerabiller beim Service BMS ugefrot a krut?

  2. Wéi oft huet de Service BMS an de leschte 5 Joren op eegen Initiativ der Police oder der Justiz Saache gemellt?

  3. Wéi vill Disziplinarverfahren (OG10) goufen et an de leschte 5 Jore beim Service BMS?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 428

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert