Ass Lëtzebuerg fir eng atomwaffefräi Welt?

De 6ten August gouf zu Lëtzebuerg eng Commemoratiounsfeier gehalen, fir un deen Dag ze gedenken, un deem viru 75 Joer d’USA zwou Atombommen op déi japanesch Stied Nagasaki an Hiroshima geworf hunn. Honnertdausende Mënsche ware bei dësem Ugrëff a sengen Nofollege gestuerwen.  Obwuel d’Mënschheet sech den desastréise Konsequenze bewosst ass, déi den Asaz vun Atombomme beinhalten, sou besëtzen hautzedaags nach ëmmer eng Rei Länner Atomwaffen. Viru Jorzéngten gouf dofir den Atomwaffesperrvertrag opgestallt, deen och Lëtzebuerg mat ënnerzeechent huet.  Des Weideren existéiert awer och de sougenanntenen Atomwaffeverbuetsvertrag (ICAN), deen ee komplett Verbuet vun Atomwaffe virgesäit:  “”It prohibits nations from developing, testing, producing, manufacturing, transferring, possessing, stockpiling, using or threatening to use nuclear weapons, or allowing nuclear weapons to be stationed on their territory. It also prohibits them from assisting, encouraging or inducing anyoneto engage in any of these activities.” (Source: https://www.icanw.org/the_treaty)” Ma dësen Traité huet eist Land bis ewell net ënnerschriwwen, obwuel de Wëllen an der Zivilgesellschaft wéi och um politeschen Niveau do ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung den ICAN-Vertrag an dëser Legislatur ënnerschreiwen? Falls jo, bis wéini? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2632

Explosioun zu Beirut – wäert eis Regierung dem Libanon zur Säit stoen?

Zu Beirut sinn 100 Mënschen no enger Explosioun vun enger Lagerhal ëm d’Liewe komm. Weider 4000 Mënsche goufe verletzt. D’Land ass am Ausnamezoustand an d’Situatioun ass, de Berichter vu verschiddene Medien no, katastrophal.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’lëtzebuergesch Regierung dem Libanon an iergendenger Form hëllefen? Falls jo, wat gëtt gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2626

Käschte vum Wäschservice an de Fleegeheemer

Wärend a normalen Zäite verschidden Awunner an de Fleegeheemer hier Wäsch duerch ee Familljemember oder Frënn wäsche loossen, hu wärend dem Confinement all d’Awunner Gebrauch misste maache vum zoustännege Service, fir Kleeder a Léngent wäschen ze loossen. Elo ass et esou, datt all Fleegeheem ee Wäschservice zu sengem Präis als Extra ubidde kann. De Code de la Sécurité Sociale, deen d’Assurance Dépendance reegelt, leet am Artikel 350 fest, datt d’Hëllefen “en aides et soins” vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Euro sinn tëscht 2016 an 2020 fir Wäscheservicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn?

  2. Rembourséiert d’Assurance Dépendance automatesch d’Fleegeheemer oder kënnen d’Awunner op Noweis vun enger bezueltener Rechnung de Remboursement vun der Assurance Dépendance selwer froen? Falls Éischteres de Fall ass, wéi kënnen d’Awunner vun engem Fleegeheem wëssen, wéi eng Servicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl goufen?

  3. Ginn d’Käschte fir d’Wäscherei integral an ouni Plaffong vun der Assurance Dépendance iwwerholl oder mussen d’Awunner d’Differenz tëschent dem Plaffong an dem Präis vum Service bezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2620

Molbeem

Um Internetsite vun der Naturverwaltung ass betreffend den Arbres remarquables Folgendes ze liesen : “Les arbres remarquables constituent un patrimoine naturel, culturel et historique à part entière. Afin d’en promouvoir la conservation, le Ministère du Développement Durable et des Infrastructures peut allouer des subsides pour les travaux d’entretien et de restauration.”  Déi sougenannten «Molbeem» sinn zwar net onbedéngt alleguer ënnert «Arbres remarquables» ze klassifizéieren, ma et sinn oft ganz al Beem, déi deelweis iwwert e puer honnert Joer al sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéivill Beem sinn den Ament als Arbres remarquables klassifizéiert? Wéivill Arbres remarquables sinn an de leschten 10 Joer, opgelëscht no Joer, offiziell als solch unerkannt ginn?

  2. Wat ass säitens dem Ministère virgesinn, fir déi sougenannten «Molbeem» ze schützen ?

  3. Wéi vill Molbeem sinn, Informatioune vum Ministère no, an de leschten 10 Joer verschwonnen ?

  4. Wat sinn d’Strofen, déi virgesi sinn, wann een onerlaabt ee Molbam fort mécht ?

  5. Ass virgesinn, d’Uplanze vun traditionelle Louhecke staatlech ze fërderen ? Wa jo, ënnert wéi enger Form a ginn et do well Pilotprojeten ?

  6. Sinn Hëllefe virgesinn, fir Bëschbësëtzer finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, wann se ofgestuerwe Molbeem ze ersetzen ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2556

Net ouni meng Mask – Werbecampagne

“Net ouni meng Mask”, dëst war der Numm vun der Werbecampagne, déi de Gesondheetsministère fir ronn eng Millioun Euro opstelle gelooss huet. Wéi d’Ministere mir a menger Fro n°2333 äntweren, gouf eng Firma domadder beopdrot, dës Campagne ze realiséieren. Opfälleg ass, dass dës Firma direkt Verbindunge mat mindestens enger vun de Regierungsparteien huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi verdeelen sech déi 1.132.263,38€ Ausgaben op • d’Konzeptioun? • d’Diffusioun? • d’Publicitéit? • d’Kommissioun vun der Agence?

  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt et sech bei dëser Agence ëm eng Firma handelt, déi an der Walcampagne 2018 vun der d’LSAP Opträg krut? (Quell: https://www.adada.lu/2018/12/michel-strotz-et-karim-youssef-creent-lagence-neon-marketing-technology/)

  3. Firwat krut grad dës Firma den Optrag vun der Regierung? 

  4. Ugesiichts den aktuellen Informatiounen, wéi schléisst d’Regierung aus, dass et zu Favoritismus an dësem Fall komm ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2548

Letzshop mat Liwwerservice

A virege parlamentaresche Froen un de Mëttelstandsminister hunn ech verschidden Informatiounen zu der Online-Plattform “Letzshop” geliwwert krut. An der Äntwert op d’Fro n°2176 huet de Minister ënnerstrach, dass d’Plattform wärend der Covid-19-Pandemie immens gewuess ass. Dëst ass natierlech engersäits de klenge Geschäfter zegutt komm, déi trotz zouenen Diere weider hier Produite konnte verkafen an doduerch hier Verloschter konnte minimiséieren.  Doriwwer eraus hunn och Restaurateure probéiert hier Produiten iwwert dës Plattform unzebidden, wéi de Minister a senger Äntwert op meng Fro n°2252 wësse léisst:  “”Als einfachst logistesch Léisung, déi direkt kann ëmgesat ginn, kann een op Letzshop.lu de Click&Collect ubidden, d.h. de Client kann seng online Bestellung direkt am Betrib ofhuelen. Vereenzelt Betriber hunn dës Léisung schonn ëmgesat.” ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert de Minister an noer Zukunft een direkte Liwwerservice fir Restauranten op Letzshop ubidden an dësen op letzshop.lu hosten (z.B. ënnert der Subdomain horesca.letzshop.lu)? Falls jo, kann hien weider Erklärunge liwweren, wéi dëse wäert funktionéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2517

FRO.LU: Datematrix-Coden op Bréiwer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Verschidde Ministèren verschécken mëttlerweil Bréiwer, op deenen ee QR-Code um Blat opgedréckt ass. Wien versicht de QR-Code fir eng Echtheetsprüfung bei gouvcheck.lu ze notzen, dee gëtt enttäuscht, well de QR-Code op dëser Plattform als “invalid” erkannt gëtt. Beim Dekodéiere vun de QR-Coden fënnt een allerdéngs verschidden Informatiounen. Beim Bréif fir d’Verdeele vun de gratis Masken aus dem Juni 2020 fënnt een zum Beispill, datt de QR-Code den Numm “Data_Matrix” dréit an d’Coden op all Säit vum Bréif ënnerschiddlech sinn. D’QR-Coden variéieren doriwwer eraus jee no Destinatär vum Bréif.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat genee beinhalt dee Marquage vu ministerielle Bréiwer? Beinhalt de QR-Code perséinlech Donnéeën? Falls jo, wéi eng an op wéi enger legaler Basis ginn se erhuewen a wat ass d’Verbindung tëschent dem QR-Code an de perséinlechen Donnéeën?

  2. Kéint mat dësem QR-Code ee Suivi gemaach ginn, zum Beispill am Kontext vun der Verdeelung vun de Masken, wien seng Maske siche war a wien net?  

Fro n°2494

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2494

Déierentransporter wärend Hëtztwellen

A menger parlamentarescher Fro n°841 hat ech de Landwirtschaftsminister gefrot, wat wärend der Hëtztwell de leschte Summer am Beräich vun den Déierentransporter ënnerhol gouf. D’EU-Reglement 1/2005 gesäit jo verschidde Konditioune fir Déierentransporter vir an och wéi dës organiséiert musse sinn, fir d’Wuel vun de Déieren ze garantéieren.  A senger Äntwert hat de Minister geschriwwen: “”Wat elo déi auslännesch Transporter betrëfft, déi am Transit duerch eist Land fueren, ginn dës Kontrollen vun der Douane respektiv der Police duerchgefouert. Et handelt sech hei ëm Routineskontrollen déi bei Camionen duerchgefouert ginn oder spezifesch Kontrollen déi sech op Déierentransporter konzentréieren.  Wat elo déi lescht Woch mat héijen Temperaturen betrëfft, si keng spezifesch Kontrollen duerchgefouert ginn an et sinn bei den normalen Kontrollen keng schwéierwigend Mängel opgefall.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrolle goufen an de Summerméint 2019 vun der Police, der Douane an der Veterinärsinspektioun am Beräich vun den Déierentransporter duerchgefouert? 

  2. Eist Déiereschutzgesetz gesäit a sengem Artikel 17 (2) Punkt 4 eng Strof vun 251 bis 200000 Euro an/oder 8 Deeg bis 3 Joer Prisong vir, fir déijéineg, déi bei engem Déierentransport d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun den Déiere mëssuechten. Géint wéi vill Persounen a Societéite ass dës Strof insgesamt schonns ausgesprach ginn? 

  3. Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle sécherlech virun der Dier. Wéi eng Mesurë wäert de Landwirtschaftsminister ënnerhuelen, domat d’Temperature an den Déierentransporter fir d’Déieren agreabel bleiwen, wann se vun, op oder duerch Lëtzebuerg fueren?

  4. Ass geplangt, erëm Restriktioune bei den Déierentransporter anzeféieren, falls d’Temperature méi wéi 35 Grad erreechen? Falls jo, wat genee ass geplangt?

  5. A senger Äntwert hat de Minister iwwerdeems geschriwwen: “”Wat d’Transporter am Transit betrëfft, ass et ganz schwiereg déi ze verbidden aus dem Grond well mir keng Opfaangstrukturen, sougenannt “points d’arrêt” hei zu Lëtzebuerg hunn wou déi Déieren kënnen ofgelueden an mat Fudder an Waasser versuergt ginn.”” Ugesiichts, datt d’Regierung ëmmer erëm betount sech fir ee staarken Déiereschutz anzesetzen an dem Fakt, dass vill Camione wéinst dem Tanktourismus de Wee iwwer Lëtzebuerg fueren,  1. firwat existéiert zum aktuellen Zäitpunkt nach keng esou Opfaangstrukturen op eisem Territoire?  2. Wat wär de Käschtepunkt fir esou eng Opfaangstrukturen installéieren? 3. Wäert d’Regierung esou Opfangstatiounen zu Lëtzebuerg opriichten oder opriichte loossen?

  6. Wäert Regierung sech um europäeschen Niveau dofir asetzen, fir eng Maximaldistanz fir Déierentransporter anzeféieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2438

Coronavirus – iwwert d’Schluechthaiser bei de Konsument?

Lescht Woch gouf et an enger Fleeschfabrik bei Gütersloh an Nordrhein-Westfalen ee gréisseren Ausbroch vu Covid-19. Wéi verschidden däitsch Medien beriichten, solle ronn 1300 Mataarbechter sech mam Coronavirus infizéiert hunn a goufen ënner Quarantän gestallt (FAZ.de, 21.6.2020). D’Plattform Spiegel.de schreift an engem Artikel vum 15te Juni 2020 iwwert méiglech Covid-19-Infektiounen duerch réie Saumon a China fest:  “”Dabei scheint es aktuell eher wahrscheinlich, dass die Virenfunde auf dem Hackbrett darauf zurückzuführensind, dass der Fischhändler oder einer der Verkäufer mit dem Virus infiziert war und die Hygieneregeln nicht beachtet hat. Wenn etwa derjenige, der denLachs auf dem Brett zubereitet hat, mit Sars-CoV-2 infiziert war, könntenViren auf das Schneidebrett und auf denFisch gelangt sein. So wiederum könntensich die Betroffenen infiziert haben.”” Deemno kéint de Kontakt mat der Uewerfläch vu réie Liewensmëttel eng Source sinn, fir sech mam Covid-19 unzestiechen . Dëst implizéiert, datt d’Liewensmëttelchaîne, allem virun d’Aarbechter, déi an der Liewensmëttelkette mat frësche Wueren hantéieren, am Kader vun der Covid-19-Pandemie nach besser misste kontrolléiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen déi zwee Schluechthaiser zu Wecker an zu Ettelbréck schonns op de Covid-19 getest?

  2. Goufen et schonns positiv Covid-19-Fäll an de béide Schluechthaiser zu Lëtzebuerg?

  3. Wéi eng Erkenntnisser besëtzt d’Regierung vis-à-vis vun Infektiounen iwwert réi Liewensmëttel?

  4. Goufen an der Liewensmëttelchaîne vu frësche Liewensmëttel weider präventiv Moossnamen géint d’Verbreedung vum Coroinavirus decidéiert? Falls nee, gëtt dëst fir d’Zukunft envisagéiert? 

  5. Schaffen an de Schluechthaiser Aarbechter oder Saisonsaarbechter, déi hire feste Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun hunn? Falls dës Leit positiv op de Covid-19 getest ginn, ginn si dann an hir Heemecht zeréckgeschéckt oder kommen si heihinner a Quarantän? Falls se hei a Quarantän mussen, wou mussen dës Läit hin?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2433

Kuerzstreckeflich

Den neie Luxair-Chef huet an engem Interview am Lëtzebuerger Wort vum 10te Juni 2020 d’Kuerzstreckeflich als “Zubringerdienst” definéiert: “Man kann Flüge nach Frankfurt oder Paris als Kurzstrecke sehen, doch zumeist sind diese Flüge „Zubringerdienste“ zu ferneren Zielen. Das sollte nicht infrage gestellt werden. […] Aber kaum jemand fliegt mit uns zum Charles-de-Gaulle, um einen Paris-Bummel zu machen, sondern sie steigen dort um und fliegen weiter. ” De Mobilitéitsminister hat mir op meng mëndlech Fro n°102 an der Chamber geäntwert, dass him d’Iddi, géint Kurzstreckeflich virzegoen, sympathesch wär an een sech op EU-Niveau dofir asetze misst. Och d’Ëmweltministesch hat schonns an engem RTL-Interview vum 3te Juni gesot, datt een hei am Land kéint de Wee goen, keng Kuerzstreckeflich méi unzebidden, fir déi et gutt Zuchverbindunge ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Regierung d’Differenzéierung vum Luxair-Chef, dass ee bei Kurzstreckeflich tëschent Zubringerdienst a City-Trips ënnerscheede muss? 

  2. Sinn d’Ministeren der Meenung, eng d’Zuchverbindung enger Fluchverbindung soll virgezu ginn, och wann et sech ëm een Zubringerdienst handelt?

  3. Wéi eng lëtzebuergesch Fluchstrecke sollten an den Ae vun de Ministere ganz ewech falen? Bis wéini sollen dës Strecken ewechfalen?

  4. Ugesiichts, datt d’EU-Parlament de Klimanoutstand ausgeruff huet an d’Klimaneutralitéit bis d’Joer 2050 freet, wäert d’Regierung op EU-Niveau agéieren, fir Kurzstreckeflich ze verbidden? Falls jo, wat hunn d’Ministeren hei konkret vir?

  5. Wéi gedenkt Regierung generell géint de Präisdumping am Low Cost ze handelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2391