Vëlosprimm

D’Regierung huet decidéiert de Kaf vu Vëloen zu Lëtzebuerg méi ze subventionéieren. Iwwert de Klimafong gëtt de Kaf vun engem neie Vëlo mat bis zu 600 Euro ënnerstëtzt. Wéi de Mobilitéitsminister op RTL erkläert huet, fueren dausende Leit pro Dag mam Vëlo. Et handelt sech – an de Wieder vum Minister – ëm ee reegelrechte Boost, deen ee wëll begleeden an d’Zäit wär elo do, fir et ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hu vun der erhéichter Primm fir Vëloe profitéiert?

  2. Um Site vu Myenergy steht geschriwwen: “Achat du cycle entre le 11 mai 2020 et le 31 mars 2021 (date de la facture acquittée)” Ugesiichts, datt schonns Persounen virun der Erhéijung vun der Primm bereet waren, sech een neie Vëlo zouzeleeën, wäerten déi Läit, déi fir 2020 eng Rechnung virléeë kënnen, och vun der erhéijter Primm profitéiere kënnen a retroaktiv Sue rembourséiert kréien?

  3. Ass, am Hannergrond vun der Fërderung vun enger zirkulärer Wirtschaft, geplangt, d’Primm och fir Secondhand-Vëloen auszewäiten?

  4. Wéi vill Vëloe sinn zënter 2013 (opgelëscht no Joer) beim Staat ugeschaaft ginn? Wéi vill Kilometer mam Auto konnten doduerch insgesamt agespuert ginn? Wéi vill CO2-Emissioune konnten doduerch agespuert ginn?

  5. A menger parlamentarescher Fro n°1915 hunn d’Ministere mir geäntwert, dass d’Regierung sech zum Zil gesat huet de gesamte Fuerpark vun der Regierungsmembere mëttelfristeg total CO2-emissiounsfräi ze kréien. Wat fir een Zäitraum versteet d’Regierung ënnert dem Begrëff “mëttelfristëg”?

  6. Wäert d’Regierung an deene nächste Méint een Deel vun hiere Limousinnen duerch Vëloen ersetzen?  • Falls jo, wéi vill Limousinne sollen duerch Vëloen ersat ginn?  • Falls nee, firwat net? 

  7. Wéi vill Ministeren si bereet hier Limousinnen an noer Zukunft ofzeginn an, am Kader vun hierem Mandat, nëmmen nach mam Velo a mam ëffentlechen Transport ze fueren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2354

Héichsëtzer zu Lëtzebuerg

D’Gesetz 25 Mee 2011 reegelt an de grousse Linnen d’Aspekter vun der Juegd. Beim Duerchliese vum Text fält op, dass am Gesetz wéineg Dispositiounen zu der Juegd vun engem Héichsëtz aus existéieren. Ausser dem Artikel 10 wou vun der “chasse à l’affût” rieds ass, fënnt een am Gesetz näischt zu de Bestëmmunge vun den Héichsëtzer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Héichsëtzer ginn et insgesamt am Land?

  2. Wéi eng Autorisatioun muss ee Jeeër ufroen, fir esou een Héichsëtz kënnen opzeriichten? Kann een Héichsëtz egal wou opgebaut ginn?

  3. Ginn et technesch Bestëmmungen, wéi een Héichsëtz muss opgebaut sinn?

  4. Wéi mussen d’Héichsëtzer verséchert sinn an op wien trëfft d’Responsabilitéit, wann aner Leit duerch den Héichsëtz zu Schued kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2342

Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann.  Wann een d’Metadate vun de Grafiken analyséiert, déi d’Santé zur Verfügung stellt, sou entdeckt een, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz 2020 war. Zu dësem Datum hat d’Regierung knapps de Confinement decidéiert. Gläichzäiteg war d’Regierung zu dem Zäitpunkt skeptesch géigeniwwer der Schutzwierkung vu Masken, well dës net medezinesch noweisbar war. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf d’Werbecampagne an och d’Grafik #NetOuniMengMask, déi haut iwwerall ze gesinn ass, vun der Regierung an Opdrag ginn? 

  2. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir dës Werbecampagne?

  3. Kann d’Ministesch confirméieren, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz ass? Falls jo,  • firwat gouf d’Droe vun der Mask zu deem Zäitpunkt net schonns als Recommandatioun ausgeschwat? • hat d’Regierung hei bewosst net d’Wourecht gesot, well een eng Panik innerhalb vun der Bevëlkerung vermeide wollt, wëssend, datt et zu deem Zäitpunkt schwéier war Masken um fräie Marché ze kréien?

  4. Wéi vill huet d’Konzeptioun vun der Werbecampagne kascht? 

  5. Wéi vill bezilt d’Regierung fir d’Diffusioun an d’Publicitéit vun der Campagne?

  6. Wéi eng Organisatioun huet d’Werbecampagne konzipéiert an designed?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2333

Avertissements taxés – Nofro n°3

A menge parlamentaresche Froen n°614, 1266 a 1484 hat ech déi zoustänneg Ministeren iwwert net bezuelten Avertissements taxés (AT) befrot a krut heizou detailléiert Tableaue mat Zuele presentéiert, déi opschléisse loossen, dass Problemer beim Andreiwe vun den ATen existéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir d’Joer 2019 an 2020, opgelëscht no Unzuel a Montanten • wéi vill Avertissements taxés goufen opgestallt? • wéi vill sinn der bezuelt ginn? • wéi vill sinn net bezuelt ginn? • wéi vill Avertissements taxés si fräiwëlleg bezuelt ginn, nodeems de Parquet saiséiert gouf? • wéi vill Ordonnances pénales goufen op Basis vun net bezuelten ATen geschwat? • wéi vill Ordonnances pénales goufe bezuelt? • wéi vill Ordonnances pénales si duerch Contrainte par corps geläscht ginn? • wéi vill Ordonnances pénales goufen ni bezuelt a si geläscht ginn?

  2. Goufe vun der Regierung an der Justiz am leschte Joer Ustrengunge gemaach, fir d’Andreiwe vun den ATen ze verbesseren? Falls jo, wéi eng?

  3. An der Äntwert op d’Fro n°1484 kann een am Tableau erausliesen, dass bei den Ordonnances pénales exekutéiert duerch contrainte par corps den Taux un Net-Residenten zimmlech geréng ass (+/– 10%). An de Fro n°614 hat d’Regierung geäntwert  “”Ausserdeem kann de Parquet général fir Net-Residenten vun der kompetenter auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangen dat lëtzebuergescht Uerteel ze exekutéieren.”” • Firwat ass dësen Taux iwwert d’Joren ewech esou niddreg? • Fir d’Joren 2013 bis 2020, bei wéi vill ATen huet de Parquet vun enger auslännescher Geriichtsautoritéit verlaangt, dat lëtzebuergescht Urteel ze exekutéieren a wéi vill Recettë konnten esou agedriwwe ginn? • Fir d’Joren 2013 bis 2020, wéi vill a wéi eng auslännesch Geriichtsautoritéiten hu vun der lëtzebuergescher Justiz verlaangt een Urteel am Bezuch mat engem onbezuelten AT am jeeweilegen Ursprongsland zu Lëtzebuerg anzedreiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2300

Glyphosat-Verbuet 2020

Op EU-Niveau ass de Glyphosat nach bis de 15ten Dezember 2022 erlaabt. Aktuell leeft awer eng Demande vun enger Grupp vun EU-Staaten, fir den Datum nach weider no hannen ze verréckelen. An der Äntwert op d’Fro n° E-000845/2020 vum EU-Deputéierten Harald Vilimsky un d’EU-Kommissioun steet  “”Im Juni 2020 muss ein vollständiges Dossier eingereicht werden, woraufhin eine wissenschaftliche Risikobewertung und ein Peer Review durch die Mitgliedstaaten und die Europäische Behörde für Lebensmittelsicherheit vorgenommen werden.”” D’Regierung hat am Koalitiounsaccord ugekënnegt ab dem 31ten Dezember 2020 kee Glyphosat méi zu Lëtzebuerg zouzeloossen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert et fir Regierung bei dem ugekënnegten Datum fir de Glyphosatsverbuet zu Lëtzebuerg bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2302

Moutfort – Route de Remich – Nofro n°2

An de parlamentaresche Froen n°1656 an 1901 hat ech de Minister ëm Detailer iwwert d’Situatioun vun engem Schantjen op der Nationalstrooss N2 zu Moutfort gefrot. D’Äntwert op déi éischt Fro vum Minister hat dozou gefouert, datt vu säitens vun der Buergermeeschtesch vu Contern Kritik opkomm war well een an der Gemeng der Meenung war, datt Ponts et Chaussées fir d’Situatioun op dësem Schantje responsabel wär, well et sech ëm eng Nationalstrooss géif handelen. A senger leschter Äntwert berifft sech de Minister op d’Gesetz vum 21ten Dezember 2009 “relative au régime des permissions de voiries” a verweist ganz kloer op d’Responsabilitéit vun der Gemeng an dësem Dossier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Fro n°1656 huet de Minister geschriwwen, d’Gemeng kann déi néideg Verkéiersberouegungsmoossnamen am Kader vum Schantjen huelen. D’Gemeng verweist an deem Fall op d’Responsabilitéit vum Staat, well et sech ëm eng Nationalstrooss handelt. Kann de Minister confirméieren, dass d’Aussoe vun der Gemeng net richteg sinn? 

  2. Am Code de la Route steet am Artikel 5:  “”Dans les limites et selon les distinctions faites au présent article les autorités communales peuvent réglementer ou interdire en tout ou en partie, temporairement ou de façon permanente la circulation sur les voies publiques du territoire de la commune pour autant que ces règlements communaux concernent la circulation sur la «voirie communale» ainsi que sur la voirie normale de l’Etat située à l’intérieur des agglomérations. Ces règlements communaux sont soumis à l’approbation du Ministre de l’Intérieur et du «ministre».”” Kann de Minister confirméieren, dass dës Dispositioun och fir d’Ariichte vun enger 30er-Zon op der N2 vun der Gemeng kéint genotzt ginn?

  3. De Minister schreift a senger Äntwert, datt op säin Uerder an “am Interessi vun der Qualitéit vun der Reparatur vun de Stroossen eng Remise en état” gemaach kéint ginn a verweist domadder op den Artikel 7 vum Gesetz vun 2009. Ugesiichts de miserabele Stroosseverhältnisser zu Moutfort, wäert de Minister dat maachen? Falls nee, firwat net?

  4. Falls Drëttpersounen duerch d’Stroossesituatioun (notamment duerch déi staark Vibratiounen) ee Schued un hiren Haiser erleiden, ginn dës Schied reparéiert? Wien kënnt an deem Fall fir Schied op? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2287

Ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall. An der parlamentarescher Fro n°2083 hat de Mobilitéitsminister Auskonft ginn, wéi Desinfizéierung vum Fuermaterial am ëffentlechen Transport säit dem Ausbroch vun der Coronapandemie assuréiert gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht no Materialkäschten a Personalkäschten, wéi vill huet dat zousätzlecht Botze vum Fuermaterial (Bus, Zuch, Tram, Funiculaire, Garen, Arrêten) säit der Coronakris kascht?

  2. Wäert de Minister d’Hygiènesmesuren, déi aktuell am ëffentlechen Transport duerchgefouert ginn, am Hibléck vun der Promotioun vun engem attraktive gratis ëffentlechen Transport, bäibehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2285

Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) – Nofro

Den Aarbechtsminister huet mir op meng dringend Fro n°2262 iwwert d’Demande de congé pour raison familiales (COVID-19) Folgendes geäntwert: “”Et ass kloer, dass all dei vum honorablen Deputeierten opgezielten administrativ Demarchen net ëmmer an engem Dag kënne gemaach gin, dofier ass et och meiglech den Certificat, bzw d’Piècen dei dozou gehéieren, nozereechen fir den Dossier ze kompléteieren. Den Certificat deen de Patron spéider gescheckt kritt, ass par contre unzegesin wei e Krankeschäin am Sënn vun den Artiklen L.234-53 an L.234-54 vum Code du travail, sou dass den Salarie vun engem méiglechen Licenciement während der Zäit wou hien am Congé pour raisons familiales ass, geschützt ass.” ” Dëst ass sécherlech wouer am Fall, wou de Congé pour raisons familiales accordéiert gëtt. Beim Refus vun enger Demande existéieren allerdéngs nach gewëssen Ongewëssheeten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat geschitt mat engem Employé, dee säi Congé pour raisons familiales Covid-19 refuséiert krut an déi Deeg, wou en net schaffe war, keen esou ee Certificat virweise kann? 

  2. Ass den Employé am Fall vun engem Refus selwer Schold, dass hien net schaffe war oder ass hie geschützt doduerch, dass d’Demarche net schnell genuch konnt beaarbecht ginn? Kréien d’Leit an deem Fall hieren aktuelle Congé pour raisons familiales verlängert?

  3. Wéi ass et mat deene Leit, wou een Elterendeel net schafft awer wéinst sengem Gesondheetszoustand (z.B. bei chronescher Péng) net op d’Kanner oppasse kann. Kritt de Partner an dem Fall säi Congé pour raisons familiales unerkannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2275

Nee zu Atom!

Här Präsident,
léif Atomgéigner,

Iwwert Atom kinnt ee Stonnen schwätzen, vieles gouf scho gesott, an et kann een net genuch Kritik un der Technik ausschwätzen an net oft genuch de Risiko erwähnen.

Mir stëmmen haut iwwert ee Gesetz of, dat de Kader reegelt am Fall vun engem Schued duerch een nuklearen Accident, eng Situatioun wou hoffentlech ni antriede wäert.

Mir stëmmen haut dofir eis eegent Gesetz, wou de Kader gereegelt gëtt.

Soumat kënnen d’Leit an Zukunft hei op de lëtzebuergesche Geriichter kloen, wann de Schued vun engem nuklearen Accident kënnt.

Weiterlesen

Militärtransportfligeren

An de lëschte Woche konnt ee verstäerkt Militärfligeren am Landeuflug op de Findel gesinn. Déi Maschinne sinn awer net op den ëffentleche Radaren ze fannen, déi all Bierger consultéiere kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann den Här Minister erklären ëm wei eng Flich et sech gehandelt huet?

  2. Wat gouf an de Militärmaschinnen transportéiert?

  3. Wéi vill där Flich sinn am Abrëll an am Mee 2020 zu Lëtzebuerg ukomm a fortgeflunn?

  4. Dir als Minister sot reegelméisseg et wär wichteg, fir ëmweltschounend souwéi méiglechst am geräischreduzéiert Fligeren um Findel landen ze loossen. Wéi ass hei d’Bilanz (CO2 a Kaméidi an Dezibel bei Start/Landung) vun esou Militärtransportfligeren?

  5. Ënnerleien déi Maschinnen engem Nuetslandeverbuet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2272