Questions parlementaires
Parkplazen fir Diplomaten
Um Findel si verschidde Parkplazen exklusiv fir Gefierer reservéiert, déi mat enger CD-Plaque immatrikuléiert sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi vill Parkplazen um Findel Gefierer mat CD-Autosplaquë reservéiert? 
- Firwat kréien Diplomaten de Privileg vun enger reservéierter Parkplaz um Flughafen? 
- Op wéi engen anere Plazen am Land existéieren Parkplazen fir Gefierer mat CD-Autosplaquen? 
QP Nummer 1232

