Questions parlementaires
Streetworker
De MEN co-finanzéiert a verschiddene Gemenge Streetworkeren. An der Gemeng Péiteng ass zu menger Zäit am Gemengerot virun dräi Joer de Finanzement vun esou engem Streetworker ugefrot ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Stëmmt et, dass d’Gemeng Péiteng aktuell a Gespréicher ass, fir ee Streetworker co-finanzéiert ze kréien? Wou sinn dës Gespréicher drun a wéini ka mat engem Accord gerechent ginn?
QP Nummer 1229