Mobilitéit
Personalsituatioun bei den CFL
An der Äntwert op d’Fro n°589 krute mer d’Informatioun, dass op den 31te Mäerz 2024 5.154 Leit beim Grupp CFL schaffen, wouvunner 1.749 Leit am Passagéierberäich agestallt sinn an 1.198 Leit am Fret.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
A wéi enge Beräicher sinn déi restlech Persoune agestallt?
-
Kann d’Ministesch de Personalbestand fir d’Joren 2020 bis 2024, opgeschlësselt no Joer a Beräich, an enger Tabell weisen?
-
Wéi deelen sech d’Karriären (I, A, M, S, B) bei deene verschiddene Beräicher op?
Wéi huet d’Situatioun 2020 ausgesinn?
QP Nummer 949