Connect with us

Parlamentaresch Froen

Question élargie zum Thema Chancëgläichheet am abordabele Wunnraum

Här President,

Konform zum Chamberreglement wéilt ech dem Logementsminister eng Question élargie zum Thema Chancëgläichheet am abordabele Wunnraum ze stellen.

An der Etüd vum LISER „Hausse des prix et inégalités de genre au Luxembourg“ hunn d’Fuerscher analyséiert, wou d’Fraen a méi prekäre Situatioune sinn ewéi Männer. D’Etüd erkläert datt virun allem elengerzéiend Mammen et schwéier hunn ee Logement ze fannen. Si stelle fest, datt Fraen ënnert anerem ee limitéierten Zougang zu Immobiliekreditter hunn, wat hir Méiglechkeete reduzéiert, Proprietär ze ginn, oder den Zougang zu Locatiounswunnengen, well si am Duerchschnëtt e méi niddrege verfügbaart Akommes hu wéi Männer. Si soen awer och, datt dës Ongläichheete vu verschiddene Faktore beaflosst ginn, sief et kulturell, politesch oder sozio-ekonomesch.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

Wat mécht de Fonds de logement an d’SNHBM fir elengerzéiend Fraen an elengstoend Fraen zu enger Wunneng ze verhëllefen?  

Laut Etüd si Frae méi oft gezwongen a Wunnengen ze liewen, an deenen ze vill Leit op ze engem Raum wunnen an wou méi oft Schied, ewéi zum Beispill Fuitten, Problemer maachen. Wat mécht d’Politik hei fir dësem Phenomeen entgéint ze wierken?  

Frae sinn dann och duebel esou oft ewéi Männer an der Situatioun datt se a Wunnenge liewen, wou se futtis oder ofgenotzten Haushaltsgéigestänn a Miwwelen net kënnen duerch neier austauschen. Wat fir Donnéeën huet de Logementsministère an dësem Sënn an och hei wat mécht d’Politik fir op dësem Phenomeen entgéint ze wierken?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert