Connect with us

Questions parlementaires

Plaze fir Pause fir Buschaufferen

Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial denken, mee virun allem un d’Chauffeuren:innen, déi eng grouss Verantwortung, vill Virsiicht a Gedold fir hier alldeeglech Aufgabe musse matbréngen. Och si musse reegelméisseg Paus maachen. Heiansdo sinn déi Pausen éischter kuerz, mee si kënnen och emol méi wéi eng Stonn daueren. D’Bussen däerfen net egal wou stoe bleiwen an do, wou se kënne stoe bleiwen fir d’Paus, misst et ee Minimum un Infrastrukture ginn: getrennt Toiletten, eng Méiglechkeet, fir sech d’Hänn ze wäschen a sech ze sëtzen a vläicht am Idealfall och nach an engem raisonnabelen Ëmkrees eng Plaz, wou een e Kaffi drénken oder eppes iesse kéint.   Leider si mir vun esou enger Situatioun zimmlech wäit ewech. Ee Beispill: zu Ettelbréck op der Gare ass de Quai 1 gespaart. Dat war bis viru kuerzem awer d’Pausplaz vun de Buschauffeuren:innen. Hei hate si d’Méiglechkeet, op d’Toilette ze goen an e Kaffi ze drénken oder esouguer eppes Klenges iessen ze goen. Elo mussen déi Pausen zu Ierpeldeng gemaach ginn, laanscht der Eisebunn. Hei si keng Toiletten, hei ass kee Café, kee Bäcker, guer näischt. An dëst ass just ee Beispill. Dëse Problem stellt sech och op villen anere Plazen uechtert Land.     Grad de Mangel un ëffentlechen Toiletten, déi einfach a séier fir d’Chauffer:innen z’erreeche sinn, stellt ee grousse Problem duer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass et net méiglech, op de strategesch wichtege Plazen Toilettë fir d’Chauffer:innen opzestellen?

  2. Kënnen d’Paus- a Raschtplazen net esou erausgesicht ginn, datt se e Minimum vu Komfort an Infrastruktur bidden? 

  3. Wann et Ausname gëtt, z. B. duerch e Chantier oder eng Naturkatastrophe, ass et dann net méiglech, op mannst e puer mobil Toiletten opzestellen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7813

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert