Connect with us

Bildung & Fuerschung

Politesch Neutralitéit vu Betreiungsstrukturen

Mir ass ee Fall bekannt, wou eng privat Crèche ee Palestina-Fändel ausgehaangen huet an domadder ee politesche Statement mécht. Bildung sollt esou fräi wéi méiglech vun Doktrinne sinn, ob politesch, reliéis oder kulturell. De Staat dierf a muss de Kanner natierlech politesch, reliéis oder kulturell Iddie bäibréngen, mee en dierf hei op kee Fall Iddie prioriséieren. Privat Crèchen ginn iwwert Konventioun an Agrément mat Staatsgelder finanzéiert a si mussen sech, fir d’Suen ze kréien, un de „cadre de référence national sur l’éducation non formelle des enfants et des jeunes“ halen. De Cadre national de référence betount d’Wichtegkeet vun enger politesch neutraler Bildung, wou d’Professionell sech professionell an neutral solle verhalen an d’Kanner an d’Familljen net mat politesche Symboler konfrontéiert solle ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf eng Crèche ee Fändel ophänken, deen eng ideologesch Iddi representéiert? 

  2. Gëtt et eng Obligatioun zur Neutralitéit fir Crèchen, déi eng Konventioun mam Staat oder een Agrément vum Staat hunn, a verbitt dës och d’Affichage vu politeschen, reliéisen oder ideologesche Symboler?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3299

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert