Connect with us

Questions parlementaires

Polizisten-Mangel an de Gemengen wéinst Heescheverbuet

Den Inneminister huet zënter dem 15te Januar fir d’Ëmsetzung vum Heescheverbuet Polizist:innen aus anere Regiounen am Land temporär ofgezunn, fir d’Equipe an der Stad z’ënnerstëtzen. An enger Chamberssitzung zu dësem Thema am Januar hat de Minister Detailer doriwwer geliwwert, wéi vill Polizist:innen aus dem Land ofgezu goufen. Genee Zuelen huet hien aus Sécherheetsgrënn net an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°191 publizéiert.  An der Press liest een, dass mol net d’Gemenge wëssen, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater an hirer Géigend ofgezu goufen. An der Sitzung vum Déifferdenger Gemengerot huet de Buergermeeschter gesot, dass een sech „erkundigen kann“, wéi d’Wort an engem Artikel vum 8te Mäerz beriicht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kruten d’Gemengen Zuelen doriwwer, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater ofgezunn goufen? Falls nee, wäert de Minister de Gemengen dës Zuelen nach liwweren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 454

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert