Police & Arméi
Sécherheetsproblemer bei den Tesla-Autoe vun der Police?
ënnert Creative Commons Lizenz
Wéi an der Press ze liesen ass, fuerdert d‘National Highway Traffic Safety Administration de Réckruff vu ronn 150000 Tesla-Autoen, bei deenen, wéinst engem Defekt um Bordcomputer, d’Sécherheetstechnik net méi funktionéiert. Wéi et heescht, ass och den Tesla S aus de Joren 2012 bis 2018 vun dësem Defekt betraff. D’Police zu Lëtzebuerg huet därer am Joer 2018 zwee Stéck kaf.
- Goufen d’Tesla-Autoe vun der Police fir de Moment aus dem Verkéier gezunn?
- Sinn d’Autoe vun der Police och vum Defekt betraff a wäerten dowéinst musse gefléckt ginn?
Fro Nummer 3469