Connect with us

Questions parlementaires

Privat Sécherheetsfirmen am Garer Quartier

An engem RTL Interview de 15.01 huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, dass d’privat Sécherheetsfirma déi engagéiert gouf, fir am Garer Quartier fir méi een héischt Sécherheetsgefill ze suergen, verschiddene Poliziste bei Festname gehollef hätten, esou d’Buergermeeschtesch. Ganz konkret sot d’Lydie Polfer: ““Si hunn souguer mat Momenter der Police gehollef, wou ee Polizist a Schwieregkeete war, wou deen ee wollt ebe festhuelen, wou si gehollef hunn. An dat net nëmmen eng Kéier.“”   An der Äntwert op meng Fro vum 27.11.2020 (n°3217) hunn d’Ministere geäntwert: ““Wat d’Fro zu de Befugnisser vun de Sécherheetsagenten ugeet, esou ginn déi net iwwert d’Befugnisser vum normale Bierger eraus.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et also engem normale Bierger erlaabt, der Police bei Festnamen ze hëllefen?  Falls jo, wéi dierft esou eng Hëllef ausgesinn? Falls nee, wei bewäert de Minister d’Handelen vun de Sécherheetsbeamten op der Staater Gare a wéi eng Konsequenzen wäert dës Aktioun mat sech zéihen?

  2. Huet de Minister Informatioune bei wéi ville Festnamen, een Employé vun der privater Sécherheetsfirma gehollef huet?  Wéi hunn déi Hëllefen ausgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3460

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert