Connect with us

Questions parlementaires

Sanitär Kontrollen am ëffentlechen Transport

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3189 vum 23te November 2020 hat de Minister fir Mobilitéit erkläert, dass den Zuchbegleeder keng Sanktiounen am Zesummenhang mat der Maskeflicht däerf ausschwätzen.  De Facto kann den Zuchbegleeder näischt aneres maachen, wéi e Passagéier aus engem Zuch ze verweisen oder d’Police oder d’Douane ze ruffen, wa Passagéier sech net un d’Reegelen u Bord vum Zuch halen.  Dëst mécht d’Aarbecht vum Zuchbegleeder, dee fir d’Sécherheet am Zuch suerge muss, immens méihsam an ineffektiv a verschidde Passagéier huelen d’Autoritéit vun den Zuchbegleeder dofir nach manner eescht. D’Konsequenz dovunner ass, dass Leit, déi sech weigeren eng Mask am Zuch unzedoen, ouni d’Präsens vun aneren Autoritéiten net kënnen dozou gezwonge ginn. Wéi de Minister a senger Äntwert geschriwwen hat, waren d’Police an d’Douane bis zu deem Zäitpunkt u ronn 4 Deeg a 34 Zich ënnerwee, wat statistesch gesinn zimmlech wéineg ass, wann een et mam Fait vergläicht, dass ee Joer 365 Deeg huet an zu Lëtzebuerg eng honnert Zuchfaarte pro Dag organiséiert ginn. D’Verbreedung vum Virus sollt och am ëffentlechen Transport op ee Maximum reduzéiert ginn an et wär aus dësem Grond sënnvoll, datt  d’Zuchbegleeder méi effikass dofir suerge kéinten, datt déi sanitär Reegelen am Zuch agehale ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Meldungen oder Rapporte wéinst „non-respect du port de masque“ sinn der CFL-Direktioun vun den Zuchbegleeder a Buschaufferen zënter dem Ufank vun dëser Pandemie, zoukomm? Wat gouf dorops hin ënnerholl ?

  2. Wat kënnen d’CFL oder de Minister besser maachen, fir dass d’Droe vun der Mask an déi aner sanitär Reegelen am ëffentlechen Transport besser agehale ginn? 

  3. Wär et fir de Minister sënnvoll, dass een d’Droe vun der Mask schonns op de Garen a Quai’en kontrolléieren a sanktionéiere géif? 

  4. Wäert d’CFL de Passagéier am Zuch oder Bus, déi keng Mask unhunn, chirurgesch Masken, géint Bezuelung oder gratis, zur Verfügung stellen?

  5. An der Äntwert op d’Fro n°1755 vum 22te Januar virun engem Joer hat de Minister vun engem neie groussherzogleche Reglement geschwat, deen d’Sécherheet am ëffentlechen Transport nei organiséiere soll an déi al Reglementstexter sollen abrogéiert. Op Legilux sinn dës modifizéiert groussherzoglech Reglementer awer nach ëmmer a Kraaft. Wou ass de vum Minister ugekënnegte RGD drun?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert