Mobilitéit
Wéi vill CO2 produzéiert de Fuerpark vun der Regierung?

D’Thema vun der Elektromobilitéit ass grad méi wéi jee en wichtegt Thema an der Aktualitéit. Dozou goufen et och scho verschidde parlamentaresch Froen an der Vergaangenheet. An der Äntwert op meng Froen, schreiwen déi aktuell Regierungsmemberen, dass si vun de Virdeeler vun den Elektroautoen iwwerzeegt sinn (QP n°2459). Et fält awer op, dass zënter dem Amtsuntrëtt vun der CSV-DP-Regierung net méi Elektroautoen am Fuerpark vun de Ministeren ze fanne sinn a si weider op Plug-In-Hybriden, also Verbrenner, setzen. D’EU-Kommissioun huet an enger Etüd am Joer 2024 festgestallt, dass Hybrid-Autoe méi Sprit verbrauchen, wéi dat, wat se uginn. De Rapport informéiert, dass d’Autoen am Schnëtt 20% méi Sprit verbrauchen an domadder méi CO2-Emissioune produzéieren, wéi dat, wat se uginn. Wéi RTL.LU an engem Artikel vum 18te September feststellt: „De Probleem läit awer virun allem un der dacks falscher Notzung: Vill Automobilisten, déi den Hybridauto dacks als Firmenauto kréien, hunn d’Tendenz, d’Batterie net ze lueden, mee ze tanken. Doduerch, datt d’Gefier onnéidegt Gewiicht matschleeft, verbraucht et méi, de Chauffer muss méi tanken an d’CO2-Emissioune klamme méi héich, wéi et bei engem normale Verbrenner de Fall gewiescht wier. […] D’Zuele vun der WLTP baséiere sech op der Hypothees, datt d’Chauffere vun den Hybride wärend 80% vun der Zäit am Elektro-Modus fueren. A Wierklechkeet dierften et net méi wéi 26% sinn.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng Auswierkungen huet d’Etüd op d’Zuele betreffend dem CO2-Verbrauch vum Fuerpark vun der Regierung?
Wat ass den CO2-Ausstouss vum Fuerpark nom WLTP-Zyklus?
Wat ass den CO2-Ausstouss, wann een d’Berechnungen esou mécht, dass d’Hybride just wärend 26% am Elektro-Modus fueren?
QP Nummer 2920