Connect with us

Justiz

Dierf de Staat d’Schlass vu menger Wunneng Appartement wiesselen?

Mir goufe Fäll zougedroen, bei deem Dierwiechter (Huissier de justice) zesumme mat der Police a Wunnengen eragaangen sinn an d’Schlass gewiesselt hunn, ouni datt d’Proprietaire virdrun informéiert goufen. D’Fäll hu de Locatairë betraff. 

Een Dierwiechter muss a senger Funktioun Justizentscheedungen duerchsetzen. Et stellt sech allerdéngs d’Fro vun der Proportionalitéit, wéi dës Moossnamen ëmgesat ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf een Dierwiechter een Dierschlass a sengen Interventiounen wiesselen?

  2. Dierf een Dierwiechter dat och, wann d’Wunneng enger anerer Persoun gehéiert, déi net vun der Justizentscheedung betraff ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3800

Nofro

CHD-Link

n°3941

D’Justizministesch schreift an hirer Äntwert op meng Fro (n°3800), dass een Dierwiechter, deen een Dierschlass beschiedegt, dëst dierf an d’Dierschlass duerno souguer muss ersetzen. Den Dierwiechter dierf dat och, wann d’Wunneng enger anerer Persoun gehéiert, déi net vun der Justizentscheedung betraff ass. Dëst mécht et u sech einfach fir d’Autoritéiten, fir d’Schlass einfach dierfe mat Gewalt opzemaachen, ouni Récksiicht op Verloschter. Fir Proprietairen, déi net iwwert d’Fäll vun hire Locatairen informéiert sinn, ass dëst net fair.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wien muss d’Käschte bezuelen, wann een Dierschlass vun engem Dierwiechter futti gemaach gëtt?
  2. D’Ministesch schreift och, dass den Dierwiechter keng Méiglechkeet fir erauszefannen, wien de Proprietaire vun enger Wunneng ass. Kann den Dierwiechter heifir net einfach op de Kadaster kucke goen, esou wéi Privatpersounen dat och schonn iwwert Myguichet haut maache kënnen? (https://guichet.public.lu/de/citoyens/logement/acquisition/copropriete/extrait-cadastral.html)
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert