Questions parlementaires
Sproochenufuerderungen bei den CFL
Wéi aus verschiddene Jobbeschreiwunge bei den CFL ervirgeet, schéngt et aktuell eng Erausfuerderung ze sinn, fir genuch qualifizéiert Personal ze fannen, dat och iwwer Lëtzebuergesch Sproochkenntnisser verfüügt. A villen Ausschreiwunge gëtt Lëtzebuergesch éischter als Virdeel ewéi als obligatoresch Viraussetzung genannt. Fir nei CFL-Mataarbechter gëtt dowéinst d’Méiglechkeet virgesinn, Lëtzebuergesch intern ze léieren. Am Kader vun dëser Approche stellt sech awer d’Fro, wéi d’Evaluatioun an d’Ufuerderunge bei de Sproochecoursen an den Examen ausgestalt sinn, fir eng fair Behandlung vun alle Kandidat:innen ze garantéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng Roll spillt d’Lëtzebuergesch Sprooch aktuell bei den CFL, besonnesch am Kader vun der Rekrutéierung an der Formatioun vum Personal?
Wéi gëtt garantéiert, datt Sproochenexamen fir all Kandidaten ënnert de selwechte Konditiounen ofgehale ginn, onofhängeg vun hirer Nationalitéit oder Hierkonft?
Ass geplangt, d’Krittären oder d’Evaluatioun bei Sproochenexamen unzepassen, an, falls jo, wéi gëtt dobäi de Prinzip vun der Gläichbehandlung assuréiert?
QP Nummer 4069
