Questions parlementaires
IT-Sécherheet vum Luetnetz
Ee rezenten Artikel vum 14te Mee 2026 op Heise.de informéiert iwwert potenziell Schwachstellen an der IT-Sécherheet vun ëffentleche Luetstatiounen fir Elektroautoen. Den Artikel verweist op de Bericht zur IT-Sicherheit der öffentlichen Ladeinfrastruktur vum Bundesamt für Sicherheit in der Informationstechnik (BSI). Laut dem BSI kéinten onsécher Kommunikatiounsprotokoller, Software-Schwachstellen a Problemer bei der Zertifikatsverwaltung am schlëmmste Fall net nëmmen eenzel Luetstatiounen, mee d’Stabilitéit vum Stroumnetz beaflossen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi bewäert d’Regierung d’Risiken, déi am BSI-Rapport fir ëffentlech Luetinfrastrukturen identifizéiert goufen, am Kontext vum Lëtzebuerger Netz?
Wéi eng IT-Sécherheetsufuerderunge gëlle fir ëffentlech Luetstatiounen zu Lëtzebuerg, notamment am Beräich vun der Verschlësselung, Authentifikatioun an der Kommunikatioun mat Backend-Systemer?
Goufen zu Lëtzebuerg schonn IT-Sécherheetsauditen, wéi dee vum BSI, bei ëffentleche Luetstatiounen duerchgefouert, a falls jo, mat wéi engen Haaptresultater?
Wéi gëtt verhënnert, datt ëffentlech Luetinfrastrukturen net fir Attacken op aner kritesch Infrastrukture benotzt kënne ginn, notamment op d’Stroumnetz?
QP Nummer 4124
