Connect with us

Questions parlementaires

Iessensreschter an de Kannerbetreiungsstrukturen

An de Kannerbetreiungsstrukturen (Crèchen a Maison Relaisen) ginn all Dag dausende Moolzechte fir eng grouss Zuel u Kanner preparéiert oder geliwwert. De Staat finanzéiert dëst zum groussen Deel iwwert den CSA mat. Dobäi stellt sech d’Fro, wéi vill Iessen iwwreg bleift a wéi mat dëse Reschter ëmgaange gëtt (Antigaspi). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiert ee Monitoring oder ginn et verbindlech Moossnamen, fir d’Quantitéit u Liewensmëtteloffäll an de Crèchen a Maison Relaisen ze reduzéieren?

  2. Wéi vill Iessen (kg) a Platen gouf déi lescht 3 Joren an de Maisons relaisen net zerwéiert oder ewechgehäit? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4411

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert