Questions parlementaires
Notzung vu Rategëft – Nofro
An der Äntwert op d‘parlamentaresch Fro n°4233 huet d’Regierung erkläert, datt hir keng Informatiounen doriwwer virleien, wéi eng Quantitéite vu Rategëfter an de leschten dräi Joer vu Firmen an ëffentleche Verwaltungen agesat goufen. Gläichzäiteg weist d’Regierung drop hin, datt verschidde gerinnungshemmend Wierkstoffer persistent, bioakkumuléierbar an toxesch (PBT) sinn an datt ee vun de gréissten Ëmweltrisiken deen ass, besteet, dass aner Déieren déi vergëften Déieren friessen. Dëst huet dann Auswierkungen op Flora, Fauna an impaktéiert och eist Waasser.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ginn déi zu Lëtzebuerg agesate Rategëfter an hir Wierkstoffer an Uewerflächegewässer, Sedimenter oder aquateschen Organismen analyséiert? Falls jo, wéi eng Substanze ginn analyséiert a wat sinn déi rezent Resultater? Falls nee, firwat ginn dës Substanzen net analyséiert?
Wéi eng Virschrëfte gëlle beim Asaz vu Rategëfter (Rodentiziden) an der Kanalisation?
Wéi gëtt verhënnert, datt d’Rategëfter mat Ofwaasser a Kontakt kommen oder bei staarkem Reen, héijem Waasserstand oder enger Iwwerlaaschtung aus dem Kanalnetz fortgespullt ginn? Sinn der Regierung Fäll bekannt, bei deene Rategëfter aus der Kanalisation an d’Ofwaasser oder an Uewerflächegewässer gerode sinn?
Wees de Minister, wéi eng Wierkstoffer vun de Gemengen, Verwaltungen a Firmen agesat ginn, wéi vill Kanéil oder aner Plaze behandelt ginn, wéi dacks dës Behandlunge stattfannen a wéi eng Quantitéiten agesat ginn?
Wäert d’Regierung an Zukunft eng zentral Dokumentatioun oder Meldepflicht asetzen, fir een Iwwerbléck ze kréien iwwert déi genotzte Quantitéite vu Rategëfter hei am Land? Kéint den Ëmweltministère dat mat der bestoender Gesetzesbasis elo scho maachen oder brauch et dofir eng Gesetzesännerung?
QP Nummer 4832
