Questions parlementaires
Finanzen bei der Uni.lu – Nofro
An hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°4992 huet d’Ministesch mir verschidden Informatiounen zu de Finanzen vun der Universitéit (Uni.lu) geliwwert. D’Ministesch ënnersträicht an hirer Äntwert, dass d’Dotatioun vum Staat, d’Finanzéierung vun der Universitéit ofséchert. Dëst si Steiergelder an d’Ëffentlechkeet souwéi och d’Personal op der Uni sollen transparent kënne novollzéien, wéi a wou d’Uni.lu seng Suen investéiert. De Prinzip vun der Transparenz bäisst sech net mat der Autonomie vun der Uni an Transparenz bedäit sécher och net, dass ee sech an d’Entscheedungen vun der Uni amécht.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Ministesch fir d’Joren 2023 bis 2026 a fir de Budget 2027 d’Ausgaben an d’Recetten no Fakultéit, interdisziplinärem Zentrum an Zentralverwaltung oplëschten? Kann d’Ministesch hei eng Ënnerscheedung tëschent interner an externer Finanzéierung opstellen?
Fir wéi eng extraordinär Investissementer an Infrastrukture sinn d’Suen aus de Reserven benotzt ginn, fir wéi eng Montanten a wéi eng Entitéiten hunn dovunner profitéiert?
Bei de befristen Aarbechtskontrakter (CDD) huet d’Ministesch uginn, datt d’Zuel vun de lafende Kontrakter vu ronn 1.380 Enn 2024 op 1.495 Enn 2025 geklommen ass. Dës Bestandszuele loossen op, wéi vill Kontrakter pro Joer ausgelaf sinn, verlängert goufen oder an een CDI ëmgewandelt goufen. Opgelëscht pro Joer vun 2024 bis 2026: 1. Wéi vill CDDë goufen eng éischt Kéier verlängert? 2. Wéi vill CDDë goufen eng zweet Kéier verlängert? 3. Wéi vill CDDë goufen an en CDI ëmgewandelt? 4. Wéi vill CDDë sinn ouni Verlängerung ausgelaf?
Wéi vill Persounen goufen tëschent 2016 an 2026 op der Universitéit entlooss, opgelëscht no Joer an no Fakultéit, interdisziplinärem Zentrum an Zentralverwaltung?
QP Nummer 5207
