Connect with us

Questions parlementaires

Accident op der N10

An de Medie gouf bericht, dass de 27te Februar 2023 op der N10 bei der Bollenduerfer Bréck en Aascht vun engem Bam op en Auto op der Strooss an e Kand, wat do ze Fouss ënnerwee war, gefall ass. Medieberichter no, soll d’Gemeng Bäerdref schonn zënter Méint gewosst hunn, dass de Bam banne faul wier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen de Minister oder d’Ministesch bestätegen, dass zënter Méint bekannt war, dass de Bam bannen dra faul war?

  2. Wiem gehéiert de Bam, vun deem den Aascht ofgebrach ass?

  3. Onofhängeg dovu, wiem de Bam gehéiert, firwat hu weder d’Gemeng Bäerdref nach Ponts et chaussées de betraffene Bam am Interêt vun der ëffentlecher Sécherheet ewechmaache gelooss?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7686

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert