Questions parlementaires
Auswierkungen vum Covid-19 op den ëffentlechen Transport
Zënter Woche kämpft eist Land mat erhéichtenen Infektiounszuelen, wouduerch vill Leit sech fir de Moment a Quarantän befannen. Eleng an der Woch vum 28.10 op de 4.11 waren et méi wéi 8’000 Persounen. Duerch d’Covid-19-Erkrankungen an Quarantän-Moossname feelt och am ëffentlechen Transport aktuell Personal.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Sinn am Mount Oktober méi Zich ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?
-
Sinn am Mount Oktober, méi Bussen ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?
-
Sinn am Mount Oktober, méi Trammen ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?
-
Wéi vill Verspéidungen an Ausfäll sinn op feelend Personal zréck ze féieren?
QP Nummer 3116