Connect with us

Questions parlementaires

Borgeldzuelungen um Guichet(.lu) an der Stad

Bei der physescher Ulafstell vu guichet.lu kënne Biergerinnen a Bierger verschidden Demarchen a Presenz erleedegen, zum Beispill fir eng Carte d’Identité oder de Führerschäin ze wiesselen oder sos eng Informatioun am Bäisinn vun enger Kontaktpersoun z’erhalen. Am Fall, wou een d’Carte d’Identité wiesselt, soll et net méiglech sinn, fir dës Démarche mat Boergeld ze bezuelen. Enger Etüd vum Luxembourg’s Fintech Innovation Hub aus dem November 2021 no ass d’Bezuele mat Boergeld nach ëmmer déi drëttbeléiftste Bezuelmethod zu Lëtzebuerg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Stëmmt et, dass een net mat Boergeld um Guichet an der Stad bezuele kann.  Falls jo, firwat gëtt dës Bezuelmethod net ugebueden a wéi kënnt een de Persounen entgéint, déi keng Bankkaart hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7470

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert