Connect with us

Questions parlementaires

d’Buffe vum Educatiounsministère – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3450 huet de Minister erkläert, dass d’Buffe fir d’Schüler bei der franséischer Firma Textiss bestallt goufen. 392’000 Buffe goufe bei Textiss bestallt, laut Ministère gouf bei der Bestellung „nieft der Qualitéit an de Liwwerdelaien, och drop opgepasst, dass de Fournisseur sech nohalteg an ekologesch engagéiert.“ D’Buffe vum Ministère koumen aus China. D’Firma erkläert op hierer Website, dass si bei Produiten aus Polyester (d’Buffe vum Ministère bestinn aus 92% Polyster), géifen op Recycléiert Materialie setzen. Och de FSC Logo ass um Site ze fannen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bestinn d’Buffe vum Ministère aus recycléiertem Material? Wann jo, wéi vill Prozent recycléiert Material gouf benotzt?

  2. Aner bekannt Logoe wéi z. B. Fairtrade sinn net um Site ze fannen. Goufen d’Buffe a fairen Aarbechts-Konditiounen hiergestallt? 

  3. Huet de Ministère virun der Bestellung, Informatiounen zum Thema Nohaltegkeet  beim Produzent ugefrot? Falls jo, wat fir Äntwerten huet de Produzent ginn?

  4. D’Regierung huet an hierem Koalitiounsaccord festgehaalen, dass bis 2025 sollen 20% vun der Landwirtschaft sech op d’Produktioun vun Bio-Produiten ëmstellen. 100% sollen et bis 2050 sinn. An de Schoulen soll et och méi Bio-Liewensmëttel fir d’Schüler ginn. Firwat gouf sech an dësem Fall entscheed, fir Buffen aus Polyester an Elastan ze kaafen, amplaz aus Bio-Materialien ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3691

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert