Questions parlementaires
Einnahme vun der Grondsteier
Am Wort konnt een am Artikel „So geht es den Gemeinden finanziell im Wahljahr“ eng Grafik zur Grondsteier fir d’Joer 2021 fannen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Ministesch eis Donnéeë ginn, wéi vill Akommes all Gemeng 2020 hat duerch d’Grondsteier (opgeschlësselt no Gemeng)?
Kann d’Ministesch eis Donnéeë ginn, wéi vill Akommes all Gemeng 2021 hat duerch d’Grondsteier (opgeschlësselt no Gemeng)?
Kann d’Ministesch eis Donnéeë ginn, wéi vill Akommes all Gemeng 2022 hat duerch d’Grondsteier (opgeschlësselt no Gemeng)?
QP Nummer 7734