Connect with us

Questions parlementaires

Emotet-Trojaner

Mir wëlle wëssen, ob eis staatlech IT op den Emotet-Trojaner virbereet ass, deen aktuell an Däitschland eng Réi Administratiounen attackéiert huet.

Wéi d’Website heise.de rezent beriicht huet, gouf eng nei Bedruchssoftware entdeckt, déi et an Däitschland op ëffentlech Administratiounen ofgesinn huet. Den Trojaner mam Numm „Emotet“ huet bei enger Stad no vun Hannover déi ganz Administratioun attackéiert an ausser Service gesat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Weess den Digitalisatiounsminister, ob dës Bedruchssoftware schonn zu Lëtzebuerg opgetaucht ass?
  2. Wéi ass déi staatlech IT géint ee méiglechen Ugrëff vun dësem Trojaner virbereet?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert