Kanner & Jugend
Finanzéierung vun eiser Kannerbetreiung (Chèques service d’accueil) (CSA)
D’Regierung huet de 6te Januar nei Moossnahmen fir d’Facturatioun an der Kannerbetreieung (Chèques services d’accueil; CSA) ugekënnegt: „Une tarification uniforme sera appliquée dans tous les services d’éducation et d’accueil; ceux-ci ne factureront plus de supplément. La facturation se fera selon les heures d’inscription de l’enfant et non plus selon un forfait d’heures imposé aux parents.“ D’Elteren sollen also nëmmen nach déi Stonnen bezuelen, wou d’Kanner reell an der Crèche oder Maison relais sinn an net, wéi aktuell, wou d’Crèchen den Elteren ee feste Kontingent u Stonnen verrechnen, egal ob d’Kanner an der Crèche sinn oder net. Mat dëser Moossnahm bestätegt d’Regierung u sech d’Kriticken, déi zenter Joren erhuewe goufen: Vill profitorientéiert Crèchen a Maisons relais hunn d’Elteren – an och de Staat – systematesch maximal Forfaiten verrechent, onofhängeg dovun, ob d’Kanner dës Stonnen effektiv genotzt hunn. A menger parlamentarescher Fro n°2156 hat ech schonn op déi Problematik opmierksam gemaach: „Aus dësem Grond musse vill Familljen op privat Kannerbetreiung zeréckgräifen, also oft bei profitorientéierten Déngschter. Hei leet de Staat awer “just” maximal 6€ pro Stonn bei. Verschidde Betreiungsstrukturen froen awer mol locker 8 bis 10€ d’Stonn. Mir leien och Kontrakter vir, wou ëmmer de maximale Montant u Stonnen verrechent gëtt, egal ob d’Kanner dës Stonne versuergt ginn oder net. Vill Eltere mussen dann och an de Schoulvakanzen eng kräfteg Schëpp Sue bäileeën, well d’gratis Kannerbetreiung hei net gëllt an d’Staatssubventioun da manner wéi 6€/Stonn bedréit. Verschidden Eltere bezuelen esou iwwert d’Summervakanz iwwert 1000€ de Mount, och wann si déi privat Maison relais net brauchen.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Deelt d’Regierung d’Aschätzung, datt d’Aféierung vun dëse neie Facturatiounsreegelen implizéiert, datt et an der Vergaangenheet zu systemateschen onfaire Facturatiounspraktiken a bestëmmte Betreiungsstrukture komm ass?
Wéi ass de Meenungswiessel vun der Regierung komm, fir d’Facturatiounspratiken vun de Betreiungsstrukuten z’änneren?
Kann de Minister aschätzen, wéi vill de Staat an de leschte Joren u Betreiungsstonne matfinanzéiert huet, wou kee Kand betreit gouf?
Wéi eng Kontrollmechanismen goufen an der Vergaangenheet agesat, fir ze iwwerpréiwen, ob déi facturéiert Stonnen och tatsächlech geleescht goufen, a goufen dobäi Onregelméissegkeeten oder Verstéiss festgestallt?
Wéi wëllt de Minister an Zukunft verhënneren, datt eenzel profitorientéiert Strukturen no der Reform aner Facturatiounsmodeller entwéckelen, déi nees zu indirekten Forfaiten oder verstoppte Supplementer féieren?
Kann de Minister eng Evaluatioun gemaach, wéi vill profitorientéiert Crèchen wirtschaftlech guer net méi rentabel wäerte sinn, wann se net méi de maximale Forfait pro Kand dierfen verrechnen?
QP Nummer 3426
