Connect with us

Motiounen

Fir méi Solaranlagen op staatleche Gebaier

Rezent Zuelen, déi d’Regierung a parlamentaresche Froe virgeluecht huet, weisen, dass den Ausbau vu Solaranlagen op ëffentleche Gebaier net weiderkënnt. Am Joer 2019 krute mer geäntwert, dass 38 weider Anlage geplangt sinn. Dovunner sinn, bal 3 Joer drop, mol nach net d’Hallschent installéiert. An deem Tempo dauert et nach Joerzéngten, bis de Staat prett ass. Mir Piraten fuerdere méi Tempo hei.

Hei ass deng Text vun eiser Propose an der Chamber:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass Lëtzebuerg sech am Kader vum Weltklimaofkommes vu Paräis verflicht huet, fir d’Äerderwiermung ënnert 2°C, préférablement bei 1,5°C ze halen;
  • Dass de Staat mam gudde Beispill muss virgoen, wat de Kampf géint de Klimawandel ugeet;
  • Dass an der Äntwert op d’Fro 5500 vun dem Energieminister an dem Minister fir ëffentlech Aarbechten erkläert gouf, „am Moment sinn op 40 Gebaier vun der Verwaltung fir ëffentlech Baute Photovoltaikanlagen installéiert an 19 Gebaier hunn Solarthermieanlagen, wat un der Unzuel vun de Gebaier ongeféier 4 % vum ronn 1’500 Gebaier grousse Patrimoine vun der Verwaltung entsprécht.“;
  • Dass am Geoportail (Cadastre potentiel solaire) festgehalen ass, wou Potential fir zukünfteg Solaranlage besteet;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. all d’Diecher vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten, do wou et méiglech ass, bis 2030 mat enger Solaranlag aus ze statten.

Dës Motioun gouf mat de Stëmmen vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent. D’Adr huet sech enthaalen.

https://piraten.lu/energieeffizienz-wei-vill-solaranlage-ginn-et-op-staatleche-gebaier/
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert