Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Kontroll vun de Jodpëllen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Oktober 2014 gouf eng éischt Distributions-Campagne vu Kaliumiodidtablette gestart. Laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2618 huet de Lëtzebuerger Staat deemools 2,5 Millioune Pëlle kaaft gehat. An der Äntwert op d’Fro n°4031 hunn de Premier, d’Gesondheets- an d’Inneministesch erkläert: ““D’Kaliumiodid-Pëllen bestinn aus engem Salz, dat ënnert normalen Stockagekonditioune quasi onendlech haltbar ass. 2008 huet den deemolege Gesondheetsminister den Acteure vum Jodprogramm d’Autorisatioun ginn, d’Stocken vun den Jodpëllen nëmmen am Fall vun enger « dégradation avérée » vun der Efficacitéit vum Produit z’ersetzen. Aus deem Grond hunn d’Kaliumiodid-Pëllen, déi 2014 un d’Bevëlkerung ausgedeelt gi sinn, just ee Produktiounsdatum (2011) an kee Verfallsdatum. D’Kaliumiodid-Pëllen ginn an regelméissegen Ofstänn op d’Qualitéit an d’Haltbarkeet am Laboratoire national de Santé (LNS) iwwerpréift. Déi nächst Kontroll ass fir 2021 virgesinn. „”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini war déi lescht Kontroll vum LNS? Fir wéini ass déi nächst virgesinn?

  2. A wéi engen Ofstänn kontrolléiert den LNS de Bestand?

Fro n°78

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 78

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert