Connect with us

Questions parlementaires

Untersuchungsriichter am Uerschterhaff

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter virgesi gewiescht. Dës Büroe géifen et erméiglechen, dass d’Untersuchungsriichter d’Leit kéinten op der Plaz gesinn an dass kee Gefaangenentransport méi misst bis bei d’Gerichter organiséiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ginn dës Büroen am Moment genotzt? A wéi ville Fäll hu Riichter dës Büroe genotzt?

  2. Wéi eng Deeg si se besat a wéi vill Stonne waren se zënter der Ouverture besat?

  3. Wéi vill Arrestantentransporter goufen trotzdeem säit der Fäerdegstellung vum Uerschterhaff tëschent dem Prisong an dem Geriicht organiséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 63

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert