Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Télétravail an der Fonction publique

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Oktober d’lescht Joer hat ech de Minister schonn eemol an enger dréngender parlamentaresch Fro op den Télétravail beim Staat ugeschwat. De Minister hat deemools an der Plenière erkläert, dass d’Chefs d’administrations vum Staat hiren Employéeën a Fonctionnairë bis zu 3 Deeg Télétravail kënnen erméiglechen, „do wou et Sënn mëscht“.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech tëschenzäitlech eppes un de Virgabe fir den Télétravail geännert? Falls jo, wat fir Ännerungen huet de Ministère rausginn?

  2. Wäert d’Regierung den Télétravail an der Fonction publique och no der Covid-Kris bäibehalen, wëssend dass den Télétravail e.a. kann hëllefen, d’Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren?  Wäert et bei bis zu dräi Deeg bléiwen an deene Servicer, wou et Sënn mëscht?

Fro n°4280

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4280

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert