Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Wéi ass d’Situatioun an den Urgencen? Sinn d’Patienten zefridde mam Service?

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Lëtzebuerg zeechent sech duerch ee regionale Klinicke-System aus, deen aus dem CHdN am Norden, de CHEM am Süden an dem CHL an dem HRS am Zentrum besteet. Mee net all Klinik bitt all Service un. D’Ost-Regioun ass momentan keen Deel vun dësem Reseau. Esou ass zum Beispill am HRS, am CHEM zu Nidderkuer an zu Diddeleng an am ChdN zu Wolz tëscht owes 21:00 Auer a moies 7:00 Auer kee Service d’Urgence virgesinn. D’Urgence zu Nidderkuer war wärend e puer Woche souguer ganz zou. Bis 2024 solle méi Urgencen am Dag an Nuets op goen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Better stinn de Patienten am Süden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Norden zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Zentrum zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt? Wéi vill Better stinn de Patienten am Osten zu Verfügung? Wéi vill Better sinn dat op 10’000 Awunner gekuckt?

  2. Wéi vill Infirmièrë schaffe jeeweils an de Spideeler aus dem Norden, dem Süden an dem Zentrum (an absoluten Zuelen an pro 10’000 Awunner gekuckt)?

  3. Laut dem Spidolsgesetz vum 8. Mäerz 2018, ass all Spidol dozou verflicht e Service ze hunn, bei dem sech e Patient schrëftlech oder mëndlech bekloe kann, iwwert e Behuelen, eng Prise en charge oder allgemeng en net Respektéiere vu senge Patienterechter. Wéi vill schrëftlech Reklamatioune goufen a säit dem 1.01.2019 an deene verschiddene Servicer vun de Spideeler agereecht?

  4. Wéi zefridde respektiv onzefridde sinn d’Patienten am generelle mat de medezinesche Servicer hei am Land? Sinn hei Ënnerscheeder jee no Regioun festgestallt ginn? Falls jo, wat fir Grënn kéint dat hunn?

  5. Duerch wéi eng anner Indicateure gëtt d’Qualitéit vun de medezinesche Servicer hei am Land erfaass a bewäert? Wat sinn d’Seuils tolérables?

  6. An der Äntwert op d’Fro n°106 huet den deemolege Gesondheetsminister erkläert : „Den Audit vun den Urgencen 2017 huet gewisen datt d’Dauer tëschent dem Triage an d’Fleeg tëschent 40 an 90 Minutte fir all Spideeler ass.“ • Wéi hunn dës Zäite säit 2017 evaluéiert (opgeschlësselt no Klinik)? • Wéi laang dauert d’Fleeg vun engem Patient an de Services d’Urgence am Schnëtt (opgeschlësselt no Klinik)? • Ass d’Ministesch zefridde mat dësen Zuelen? Wann net, wat fir Schrëtt wäerte geholl ginn, fir d’Waardezäite weider ze verréngeren?

  7. Falls d’Regierung zu enger oder méi vun dëse Froen keng Ugabe ka maachen, well d’Donnéeë feelen, wéi gedenkt d’Regierung dës Lächer an der Datebank ze fëllen?

Fro n°4393

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4393

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert