Questions parlementaires
Gérance vun der Impfstrategie
Fir d’Verdeelung vun den Impfstoffer géint de Covid-19 ze koordinéieren, huet d’Regierung eng Impfstrategie opgestallt, déi virgesäit, dass verschidde Persounegruppe prioritär geimpft ginn, wärend anerer eréischt méi spéit dru komme sollen. Elo sinn awer ëmmer méi oft Fäll bekannt ginn, wou Leit scho vun enger Impfung profitéiere konnten, obwuel si der Impfstrategie no nach net un der Rei gewiescht wären.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gehéieren d’Impfstoffer géint de Covid-19, déi Lëtzebuerg geliwwert kritt, dem Lëtzebuerger Staat? Entsprécht et engem Vol vu Staatsbesëtz, wann eng Persoun sech impfe léisst, obwuel se net um Tour ass?
Wéi kontrolléiert de Staat, dass keng Leit geimpft ginn, déi an de momentan lafende Phase vun der Impfstrategie net virgesi sinn?
Wéi vill Persoune sinn der Regierung bekannt, déi en Impfstoff kruten, obwuel si zum Zäitpunkt vun der Impfung d’Krittären net erfëllt hunn, fir prioritär geimpft ze ginn? Erginn sech fir dës Persoune Konsequenzen?
QP Nummer 3696