Connect with us

Questions parlementaires

Impakt vun der Zënshausse op de Wunnengsmaart

Aktuell gesäit et duerno aus, als géif de Lëtzebuerger Wunnmarché an eng nei Logementskris stierzen. Déi kumulativ an explosiv Präishaussen um Wunnmarché aus deene leschte Joren zesumme mat der restriktiver monetärer Politik vun der europäescher Zentralbank hunn dofir gesuergt, dass manner Suen an de Wunnmarché fléissen an dowéinst gëtt elo manner kaf a gebaut. Bei den Zuele vum STATEC gesäit een zum Beispill ee Réckgang bei de Baugeneemegungen vu ronn 30%.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei vill Ventë vu Wunngebaier an Terraine sinn d’lescht Joer bei den Notairen enregistréiert ginn, opgelëscht pro Mount?  Wéi hunn déi Zuelen sech am Verglach zu de Méint vum Virjoer entwéckelt?

  2. Wéi vill Immobiliëkreditter goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zu de Virjoren entwéckelt?

  3. Wat ass d’Duerchschnëttsdauer vun den Immobiliëkreditter, déi d’lescht Joer opgeholl goufen? Wéi huet sech dës Zuel par Rapport zu de Virjoren entwéckelt?

  4. Wéi vill Immobiliëkreditter mat fixem Zënssaz iwwert déi gesamt Dauer vum Kredit goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

  5. Wéi vill Immobiliëkreditter mat variabelem Zënssaz goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

  6. Wéi vill Immobiliëkreditter mat fixem Zënssaz, mee op eng limitéiert Zäit (taux fixe révisable) goufen d’lescht Joer ënnerschriwwen? Wéi huet sech dës Zuel am Verglach zum Virjoer entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7432

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert