Questions parlementaires
Investitiounen vum Pensiounsfong a SpaceX
De Pensiounsfong geréiert geréiert an investéiert an déi verschiddenste Firmen. Et existéiert awer och eng schwaarz Lëscht vu Firmen, an déi de Fong aus moralesche Grënn net dierf investéieren.
SpaceX ass eng privat Entreprise, déi nieft kommerziellen Aktivitéiten och eng ëmmer méi wichteg Roll am Beräich vu Weltraum- a Verdeedegungsberäicher spillt. De Lëtzebuerger Staat hat de 26ten August 2025 iwwert dës Firma Lëtzebuerger Äerdobservatiounssatellit NAOS gestart, deen am Kontext vun der Lëtzebuerger Defense steet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Huet de Fonds de compensation aktuell direkt oder indirekt Investissementer a SpaceX oder a Fongen oder aner Finanzinstrumenter, déi direkt oder indirekt a SpaceX investéiert hunn?
QP Nummer 4493
