Connect with us

Questions parlementaires

Krichswaffen um Schwaarzmaart

No engem Artikel op der Plattform tagesschau.de vum 10t Juni, ginn et an Europa Problemer mat Waffen a Munitioun, déi bei der Invasioun vun der Ukrain vum Schluechtfeld um Schwaarzmaart landen an esou aktuell vu kriminelle Bande genotzt ginn. Den Artikel setzt op d’Noutwendegkeet vun enger koordinéierter europäescher Äntwert, fir dëse Problem unzegoen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung de Risiko, datt Waffen oder Munitioun aus dem Krich an der Ukrain op de Schwaarzmaart an d’Hänn vun organiséierter Kriminalitéit an Europa an och Lëtzebuerg geroden?

  2. Wéi eng Kontroll gëlle bei der lëtzebuergescher Ënnerstëtzung fir d’Ukrain a punkto Waffeliwwerungen a wéi eng Initiativen an der EU an an der NATO ënnerstëtzt d’Regierung, fir den Informatiounsaustausch an d’Bekämpfung vum illegale Waffenhandel an dësem Kontext ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4494

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert