Questions parlementaires
Koalitiounsaccord – Wéi wäit si mer beim RGTR

An hierem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung verflicht den RGTR Reseau bis 2030 emissiounsfräi ze maachen. Dëst bedeit ënnert anerem een Ausbau vun de Linnen déi mat Elektrobusser gefuer ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Emissiounen hunn d’Busser vum RGTR Reseau nach 2018 ausgestouss (op dat ganzt Joer gekuckt)?
Wéi vill Emissiounen hunn d’Busser vum RGTR Reseau 2022 ausgestouss (op dat ganzt Joer gekuckt)?
Wéi vill Emissiounen hunn d’Busser vum RGTR Reseau an den éischte 6 Méint vum Joer 2023 ausgestouss?
QP Nummer 8189