Connect with us

Questions parlementaires

Kompensation vum Index

Duerch den Tripartiesaccord 3.0 gëtt d’Indextranche, déi nach virun Enn dës Joers soll falen, dem Patronat duerch d’Mutualité des employeurs kompenséiert. D’Patrone kréien also bis den 31.01.2024 d’Indextranche iwwert d’Reduktioun vun der Cotisatioun erëm. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung mat dem Patronat iwwert d’Erhéijung vun de Präisser geschwat? Wäert d’Patronat vun enger Erhéijung ofgesinn esou laang d’Kompensatioun leeft?

  2. Wéi gesäit et mat den Altersheemer aus wou d’Regierung no festgehalen hat, dass d’Präisser bis op Weideres net duerch erhéichten Energiepräisser klammen dierfen? 

  3. Mussen d’Firmen op d’Rechnungen dobäi schreiwe wann se hir Präisser duerch déi kompenséiert Index-tranche héijen? Kann de Client géint esou eng Erhéijung reklaméieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8280

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert