Connect with us

Questions parlementaires

Cash oder Kaart?

Mir sinn drop opmierksam gemaacht ginn, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer nach Parkaueren- a Keese ginn, déi nëmme mat Mënz fonctionnéieren. A verschiddene Gemenge gesinn dës Parkauere grad eng Renaissance.

An dem Kontext stellt sech Fro, ob een däerf gezwonge ginn zu Lëtzebuerg eng Bezuelmethod ze bevirzéien? Mëscht et an dem Fall nach Sënn, de Mënzportmonnie der Kreditkaart virzezéien?

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Digitalisatioun, Konsumenteschutz, Finanzen, Mobilitéit & Interieur weiderzeleeden.

D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Digitaliséierung als ee vun den Haaptpilieren definéiert. Op der Säit 13 steet, et wéilt een innovativ Bezuelmethode fir Rechnunge vu staatlechen Déngschter aféieren.

D’Virdeeler vun elektronesche Bezuelmethode sinn evident. D’Iwwersiichtlechkeet an de Suivi vun de finanziellen Transaktioune vereinfachen d’Comptabilitéit wat esou och dofir suergt potenziell Frauden opzedecken. Des Weideren ass d’Bezuele mat der Kaart, Handy oder aneren innovative Moyenen hautzedaags ee feste Bestanddeel vun eiser digitaliséierter Gesellschaft. Bal jiddereen huet zu all Zäit eng Kredit- oder Debitkaart oder een Handy dobäi, wärend d’Mënz meeschtens doheem am Spuerschwäin leien.

Mat Bezuch op alternativ Bezuelmethoden zum Cash gëtt déi lëtzebuergesch Legislatioun awer keng konkret Linne vir, wéini gewësse Bezuelmethoden zum Asaz komme kënnen. Am EU-Rots-Reglement 974/98 vum 3. Mee 1998 steet, dass den Euro déi gängeg Wärung vun de jeeweilege Memberlänner ass an dass keng Persoun ee Paiement muss unhuelen, bei dem méi wéi 50 Schäiner zum Asaz kommen.

Ee Manktem u klore Reegele suergt dofir, dass et a lëtzebuergesche Parkhaiser oder Parkauere virkënnt, dass dës net un en elektronesche Bezuelsystem ugeschloss sinn an am schlechtste Fall mol keng Schäiner unhuelen. Dës zum Deel nei installéiert Parkauere missten am Kader vun der geplangter Digitalisatioun vum Land eigentlech op elektronesch Bezuelmethode virbereet sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Op wéi vill Prozent schätzt d’Regierung de Gebrauch vun elektronesche Bezuelmethoden zu Lëtzebuerg? Falls d’Regierung dës Donnéeën net huet, wär et net opportun, am Kader vun der Digitaliséierungsstrategie eng Etüd iwwert d’Modes de Paiement zu Lëtzebuerg duerchzeféieren?
  • Wéi eng gesetzlech Basis reegelt zu Lëtzebuerg den Asaz, d’Modalitéiten an d’Limitte vun elektronesche Bezuelmethoden, wéi der Debit- a Kreditkaart an d’Bezuele per Smartphone?
  • Wär et am Sënn vum Consommateur virdeelhaft ee méi klore gesetzleche Kader ze schaffen, deen d’Bezuelmethoden zu Lëtzebuerg opzielt a reegelt?
  • Wëll d’Regierung weiderhin garantéieren, dass een an der lëtzebuergescher Wirtschaft mat Cash bezuele kann ?
  • D’Modalitéite vum Parkraum a ginn a ville Fäll ënnert der Gemengekompetenz gereegelt. Wéi wäert d’Regierung d’Gemengen sensibiliséieren fir bei der Installatioun vu neie Parkaueren, automatesche Keesen oder anere Bezuelstrukture méi op elektronesch Bezuelmethoden ze setzen? Goufen hei schonn Efforte gemaacht?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Continue Reading
1 Comment

1 Comment

  1. Herber

    Juli 8, 2019 at 2:48 am

    Parkaueren mat Menzen, wou ass dann do de Problem? Dir wärt mer elo dach net soen dass der net gengt wessen dass ganz vill Leit wei Freischaffender oder Künstleren hei am Land keng Kreditkaart kreien, bleiwen dei elo all dohem ? Den Digitaliseierwahn an alles mat enger App op engem sch… Smartphone ze regelen ass e risegen Fehler, enner aaneren könnt der d‘ Leit net forceieren e Smartphone ze kaafen an dat schlemmst ass dass der esou d’Regierung ennertötzt fier d’Borgeld ofzeshaafen, wat eng rieseg Katastroph fier d’Awunner vun engem Land geng bedeiten. Hud der soss net mei intelligent Ideen fier de Regierung ze proposeieren ?

Leave a Reply

Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert