Connect with us

Questions parlementaires

Liewen am Prisong

Wärend Covid-19 haten d’Detenuen zu Schraasseg Accès zu Computere fir kënne mat hire Familljen ze skypen. Dëst war dee Moment néideg, well d’Visitte verbuede gi waren, fir d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Persounen an de Prisongen zu Schraasseg, Givenich an um Uerschterhaff Accès zu Computere mat Internet?  • Wa jo, ënnert wéi enge Konditiounen dierfen si dëse benotzen? • Handelt et sech ëm Wifi oder Eternet? • Wa nee, firwat net?

  2. An de verschiddene Strukture gi laut Site vun der Administration pénitentiaire Formatiounen ugebueden.  • Ëm wéi eng Formatiounen handelt et sech heibäi? • A wéi enger Reegelméissegkeet ginn dës organiséiert? • Wéi vill Detenue maachen hei all Joers mat? • Wat fir Konditioune muss een erfëllen, fir un de Formatiounen deel ze huelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7789

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert