Connect with us

Questions parlementaires

Schiflag vum Credit Suisse

An der internationaler Press ass ze liesen, dass de Credit Suisse an eng finanziell Schiflag geroden ass a muss, wéi et schéngt, staatlech gerett ginn. D’Bank huet sech dofir bei der Schwäizer Nationalbank 50 Milliarde Franken geléint, fir liquid ze bleiwen. Bei der Pleite vun der Silicon Valley Bank (SVB) ass vun der Finanzministesch gesot ginn, dass et kee Risiko fir eis Bankeplaz gëtt, well de Modell vun der SVB en anere war, et onkloer war op et iwwerhaapt Lëtzebuergesch Clientë ginn an och de Lien mat de Banken, déi hei present sinn, net wierklech grouss ass.   De Credit Suisse ass och hei am Land aktiv an de Fall schéngt fir eist Land méi relevant ze sinn, wéi bei der SVB, well de Banken-Modell ass net ee komplett aneren an et besti vill Verbindunge mat Lëtzebuerg. De Credit Suisse ass och als Member op der Lëscht A vun der ABBL opgelëscht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Finanzministesch Positioun zur aktueller Situatioun bezéien? 

  2. Wéi eng Verbindungen huet de Credit Suisse mat der Lëtzebuerger Wirtschaft?

  3. Mat wéi engen Auswierkungen muss een rechnen?

  4. Wéi wäert d’Regierung d’Leit an d’Marchéen informéieren, fir ze verhënneren, dass Panik entsteet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7788

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert