Questions parlementaires
Netzausfäll bei der Police
Kënnt et, esou wéi z.B. um 24.11.2023, zu engem gréisseren Netzausfall bei engem vun den nationalen Handy-Ubidder, huet eng grouss Unzuel u Clientë keng Méiglechkeet méi, mobil ze telefonéieren. Grad wann et ëm d’Personal vun den Infrastructures Critiques geet, kann dëst sécherheetsrelevant Konsequenzen hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gëtt garantéiert, dass d’Personal vun den Infrastructures Critiques zu all Moment erreechbar bleift?
Bleiwen d’Déngschthandyen vun z.B. der Police oder anerem wichtegem Personal operationell a Momenter wou et partiell oder komplett Netzausfäll gëtt?
QP Nummer 41