Connect with us

Questions parlementaires

Bazar international

Israel hat dëst Joer kee Stand um Bazar international. Als Grond, firwat si kee Stand haten, gëtt de Responsabelen fir den israelesche Stand un, dass si, opgrond vun dem bewaffnete Konflikt an der aktuell ugespanter Situatioun, ze grouss Sécherheetsbedenken haten. De Responsabelen fir den israelesche Stand sot weider, dass si ee Bréif un d’Police geschéckt haten, an deem si froen, ob d’Police  mat Beamten bannen am Gebai kéinten Präsenz weisen. Op hire Bréif hätten si awer keng Äntwert kritt, soudass si d’Entscheedung hu missten huelen, fir dëst Joer net matzemaachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass esou e Bréif bei der Police agaangen ass?

  2. Falls jo, kann de Minister soen, firwat et vu Säite vun der Police keng Äntwert op dee Bréif gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 43

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert